Manner Energie verbrauchen a gläichzäiteg spuerenCELL gesäit Potential fir eng méi séier Energietransitioun

Chris Meisch
Lëtzebuerg kéint bis 2050 klimaneutral ginn an domadder dann och dat gesaten Zil vun der Europäescher Unioun erfëllen. Zu där Conclusioun kënnt d'Ëmweltorganisatioun CELL.

CELL huet virun e puer Deeg hiren Zenario fir d'Energietransitioun vu Lëtzebuerg virgestallt. Dobäi geet et net nëmmen ëm den Ausbau vun erneierbaren Energien, mee och ëm e méi bewossten Ëmgang mat Energie.

CELL gesäit Potential fir eng méi séier Energietransitioun

Déi Responsabel vu CELL ginn an hire Berechnungen dovunner aus, datt den Energieverbrauch zu Lëtzebuerg bis 2050 ëm bal 70 Prozent kéint zréckgoen an d'CO2-Emissioune bal komplett reduzéiert ginn. De Schlëssel dozou läit der Ëmweltorganisatioun no net eleng an den erneierbaren Energien, mee och um Verzicht a Verännerungen am Konsumverhalen. Den Yves Marignac vun "negaWatt", der franséischer Denkfabrick hannert der Method, op där den Zenario baséiert, erkläert:

"La sobriété va chercher des changements d’usage, par exemple du report modal, prendre moins la voiture au profit des transports collectifs, des mobilités douces, comme le vélo. Partager d'avantage aussi les véhicules. On voit que ça touche à la fois des comportements individuels, mais aussi au cadre que les pouvoirs publics fixent pour permettre ces changements de comportement."

Fir datt esou Verännerunge méiglech ginn, misst och de Kader stëmmen. CELL setzt dofir op e méi bewossten a méi spuersamen Ëmgang mat Energie, méi energieeffizient Gebaier an dem Ausbau vun erneierbaren Energien. Dem Léonard Andersen vu CELL no géif dat net nëmmen dem Klima hëllefen, mee och d'Energiekäschten drécken a Lëtzebuerg manner ofhängeg vu fossillen Energië maachen.

"Ce qu’on est en train de dire, c’est qu’il y a un levier activé en plus, le levier de la sobriété qui aujourd’hui ne représente que entre 10 et 15 % des mesures du PNEC. Donc on peut aller plus loin, il y a des marges de manœuvre importantes, qui permettent aussi de diminuer la facture énergétique, de sortir un petit peu de la pression géopolitique qui nous enferme et puis aussi libérer pour les ménages des marges de manœuvre plus grandes."

CELL gesäit nach méi Potenzial, wéi am nationale Klima- an Energieplang virgesinn ass. Mat hirem Zenario wëllt d'Organisatioun weisen, wéi Lëtzebuerg nach méi séier klimaneutral kéint ginn.

"Ce qu’on essaie de montrer, c’est qu’en ayant une organisation plus intelligente du territoire, par exemple sur le transport ou le résidentiel, on peut arriver justement à optimiser une diminution énergétique et à atteindre une neutralité climatique. C’est vraiment des éléments de réponse, des éléments de débat et des outils pour aller plus vite, plus loin et moins cher."

Den Zenario soll elo als Grondlag fir déi weider Diskussiounen iwwer d'Energietransitioun zu Lëtzebuerg déngen. Ob a wéi vill vun de Proposen an déi zukünfteg Klimapolitik afléissen, bleift ofzewaarden.


D'Schreiwes vu CELL zu der Pressekonferenz
D'Synthees zum Zenario fir d'Energietransitioun vu CELL

Back to Top
CIM LOGO