28 Jonker evakuéiertAn der Nuecht op en Donneschdeg gouf et e Brand um Marjaashaff zu Léifreg

RTL Lëtzebuerg
Dat ass den Ament e Foyer vun der Caritas, wou "Mineurs non accompagnés" ënnerbruecht sinn. De CGDIS schwätzt vun engem Zëmmerbrand.
© Domingos Oliveira

De Buergermeeschter vun der Stauséi-Gemeng Marco Koeune huet eis confirméiert, dass et beim Materialschued bliwwen ass. Well de CGDIS séier op der Plaz war, konnt Schlëmmeres verhënnert ginn a kengem ass eppes geschitt. De Materialschued ass awer grouss an am Gebai kënne länger Zäit keng Leit méi wunnen.

Fir d’Läschaarbechte waren d’Pompjeeë Wolz an Alebesch am Asaz, fir hir lokal Kolleegen ze ënnerstëtzen.

Sämtlech Jugendlecher, déi um Marjashaff gelieft hunn, goufe mat Zäit evakuéiert a goufe provisoresch am Veräinssall vun der Gemeng ënnerkomm, sou de Buergermeeschter. Déi Situatioun soll sech awer sou séier wéi méiglech änneren, wéi de Marc Crochet, Generaldirekter vu Caritas Lëtzebuerg, erkläert huet.

“D’Struktur ass lo net bewunnbar a mir brauche lo op d’mannst eng mëttelfristeg Léisung. Mir si schonn a Kontakt mat der Education nationale, mam Office national de l’enfance, fir Léisungen ze fannen. Mir wier et am léifsten, d’Kanner kéinten als Grupp beienee bleiwen. Déi hu jo scho vill erlieft an da lo nach dat heiten derbäi, ech mengen, do wier et flott, wann ee se kéint als Grupp beienee behalen.”

En Donneschdeg am Nomëtteg war et dann d’Nouvelle, dass de Grupp e Freideg provisoresch an enger Struktur vun der Croix Rouge an der Gemeng Conter ënnerbruecht gëtt. Dat mat Hëllef vum Educatiounsministère, der Croix Rouge an der Gemeng Conter.

D’Brandursaach ass iwwerdeems nach net bekannt. Gewosst ass awer, datt d’Feier an engem Wunnberäich um éischte Stack ausgebrach ass. Ee Kannapee war do a Flamen opgaangen. Eng Educatrice hat de Brand bemierkt, well eng Fënster duerch d’Hëtzt gebascht war. De Marjashaff sollt d’nächst Joer souwisou renovéiert ginn, déi Aarbechte wäerten da lo virgezu ginn.

Um 7.30 Auer war de Buergermeeschter vun der Stauséigemeng Marco Koeune, grad ewéi de Marc Crochet, Direkter vun der Caritas am Interview op RTL Radio Lëtzebuerg.

Brand um Marjaashaff zu Léifreg - Marco Koeune a Marc Crochet am Interview
Den Haff gëtt als Foyer vun der Caritas genotzt, wou Jugendlecher ënnerbruecht sinn.

De Marco Koeune an de Marc Crochet am RTL-Interview

De Marc Hoscheid hat de Buergermeeschter vun der Stauséigemeng Marco Koeune (an der Mëtt), an de Marc Crochet (riets) en Donneschdeg de Moien am Interview.
De Marc Hoscheid hat de Buergermeeschter vun der Stauséigemeng Marco Koeune (an der Mëtt), an de Marc Crochet (riets) en Donneschdeg de Moien am Interview.
© Domingos Oliveira

Back to Top
CIM LOGO