Gréisseren Asaz vum CGDISAn der Rue Jean Schoetter an der Stad gouf eng onbekannte Substanz fonnt

RTL Lëtzebuerg
Am fréie Méindegowend hat eng Persoun, déi an der Strooss wunnt, de CGDIS alarméiert, well si eng onbekannte Substanz an hirem Haus fonnt hat.
© Domingos Oliveira / RTL

Wéi d’Police op Nofro hi matgedeelt huet, gouf d’Unité chimique vum CGDIS op d’Plaz geruff, fir eng Analys ze maachen an et gouf e Sécherheetsperimeter gezunn.

Ma d’Situatioun sollt sech scho kuerz drop berouegen. Et huet sech erausgestallt, dass d’Substanz net geféierlech ass.

Back to Top
CIM LOGO