Opgeflu wéinst "Mond-Beweegungen"An der Stad gouf e presuméierten Drogendealer gepëtzt

RTL Lëtzebuerg
Opmierksam op déi verdächteg Persoun gouf d'Police e Méindeg géint 18.30 Auer, dat op der Héicht vun der Kräizung Hollerecher Strooss/Rue Adolphe Fischer.
© RTL Archiv

De Mann, dee sech wéi gesot am Quartier vun der Gare opgehalen huet, ass opgefall, well e “verdächteg Mond-Beweegunge” gemaach huet, sou d’Police am Policebulletin. Well et e Verdacht gouf, de Mann géif hei Drogen ofschlécken, gouf hie kuerz drop vu Beamte kontrolléiert.

De Parquet, deen iwwert de Virfall informéiert gouf, huet schlussendlech eng Ënnersichung mam Scanner ordonéiert. Hei goufen dann och tatsächlech 7 Friemkierper am Kierper vum presuméierten Täter entdeckt. De Mann gouf festgeholl a koum en Dënschdeg de Moie virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO