Um Joresdag vum 7. OktoberAn der Stad gouf op zwou Maniffen un d'Situatioun am Noen Osten erënnert
De 7. Oktober 2023 huet déi islamistesch Palestinenserorganisatioun Hamas Israel ugegraff. Bei der Attack koumen iwwert 1.000 Mënschen ëm d'Liewen.
Ronn 250 Persoune goufen deen Dag vun der Hamas verschleeft an als Geisele geholl. Vun deene goufen der mëttlerweil knapp 120 fräigelooss a ronn 70 sinn dout.
Um Joresdag vum Iwwerfall huet de “Collectif 7 Octobre” op der Place Clairefontaine eng Manifestatioun organiséiert, op där d’Fräiloossung vun de reschtleche Geisele gefuerdert gouf.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Zäitgläich huet “Luxembourg4palestine” um Hamilius eng Manifestatioun organiséiert, fir ze fuerderen, datt, den, wéi si et nennen, israeelesche Genozid un de Palestinenser ophale soll.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.