
Wéinst ze vill Kaméidi, well ouni Autorisatioun ee Feier op der Place publique gemaach gouf oder well d’Terrasse vun engem Restaurant net konform ass. Dat sinn dräi vun am Ganze 17 Infraktiounen, déi d’Stater Agent-municipallen, och nach Pecherte genannt, zanter engem Mount sanktionéiere kënnen. Dat duerch eng Amende administrative vun am Normalfall 25 Euro. Déi 17 Infraktioune sinn am Gesetz kloer definéiert an d’Gemeng huet se eent zu eent iwwerholl. Een éischte klengen Tëschebilan vun der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer fält nach iwwerschaubar aus.
“Bis elo sinn, wann ech elo soe réischt, dann ass dat net negativ, ass déi Sanction administrative fënnef Mol ausgeschwat ginn. Dat war bal ëmmer, well sech Leit op der Voie publique, op de Stroossen, Rechter erausgeholl hunn, déi se net haten. Wou Camionen oder sou higestallt gi sinn, woumat awer den Trafic wierklech ganz staark beanträchtegt ass a si hate kee Recht dozou.”
Vun deene fënnef Strofe gouf bis elo eng net bezuelt. Wann een net d’Accord ass, kann ee beim Inneministère reklaméieren. Deemno wéi kann de Montant dann awer op bis zu 250 Euro klammen. Et ass iwwerdeems méiglech, datt d’Agent-municipallen esouguer d’Recht kréien, dat ganzt Policereglement vun der Gemeng ze kontrolléieren. Dofir musse si awer zousätzlech Exame maachen. Bis elo hu vun de 77 Pecherten, déi fir d’Stad schaffen, der awer grad emol véier dat gemaach. Ass da geplangt, déi Zuel an d’Luucht ze schrauwen?
“Bon, ech mengen, fir d’alleréischt mussen d’Leit déi Formatioun wëlle maachen, well dat ass awer scho munches verlaangt. Mir kënnen a mir wëlle kee Mënsch zwéngen, dat ze maachen. Mee wa se dat maachen, da si mer natierlech ganz frou doriwwer a wa se et packen.”
Ma egal wéi, de Platzverweis light, wéi et en aktuell gëtt, kënnen d’Pecherten net duerchsetzen. Dat wier och richteg esou, well et dobäi awer alt mol zu méi schwierege Situatioune komme kéint. D’Lydie Polfer setzt do ganz op d’Police, esouwuel op weider “normal” Beamten, wéi och op d’Gemengepolice, déi Ufank vum Summer hiren Déngscht ophuele soll. Ma d’Situatioun hätt sech an deene leschte Wochen duerch zousätzlech Patrulle verbessert. Et géing ee vill manner Fäll vun aggressivem Behuele notéieren. D’Präsens vun de Beamte géing also derzou féieren, datt manner Strofdote begaange ginn. Et géif awer nach ëmmer Problemer. Sou hätt sech d’Drogekriminalitéit duerch den ëffentlechen Transport, notamment den Tram, zu engem gudden Deel op d’Stäreplaz verlagert.