Etüd vu SCOREAn dräi Lëtzebuerger Kläranlage goufe Réckstänn vun Droge constatéiert

RTL Lëtzebuerg
Dat äntwert d'CSV-Gesondheetsministesch Martine Deprez op eng parlamentaresch Fro vun den LSAP-Deputéierte Mars di Bartolomeo an Dan Biancalana.

An den Anlagen zu Mamer, Miersch a Béiwen ass besonnesch opgefall, datt de Cannabis méi present ass wéi dat an der europäescher Moyenne de Fall ass. Allerdéngs waren d’Cannabis-Wäerter bei spéidere Prelevementer liicht méi niddereg wéi d’europäesch Median an Duerchschnëttswäerter.

Dës zweet Analyse goufe gemaach, nodeems déi nei national Cannabis-Gesetzgebung a Kraaft war. Déi 3 Lëtzebuerger Kläranlage waren erausgesicht ginn, well dës d’Krittären erfëllen, fir e Maximum u Fiabilitéit ze erlaben.

Äntwert op parlamentaresch Fro N°526

Back to Top
CIM LOGO