
Wéi d’Pompjeeën ukoumen, stoung schonn eng ganz Lagerhal a Flamen. Un de Läschaarbechte waren am ganze siwen Zenteren a ronn 60 Pompjeeë bedeelegt, an och den zoustännege Grupp fir d’Protektioun géint méiglech cheemesch Gefore war mobiliséiert.
Wéinst dem villen a staarken Damp waren d’Awunner vu Beetebuerg, Diddeleng an Helleng awer opgeruff, d’Fënsteren zouzeloossen. Eng gréisser gesondheetlech Gefor hätt awer net bestanen.
D’Entreprise bleift fir den Ament mol nach zou, wéi mer e Mëttwoch de Moie vun der Plaz gewuer goufen. Weider Detailer iwwert de Schued feelen nach.
Feier och zu Viichten a bei Kietscht
Da mellt de CGDIS um Mëttwoch de Moien nach zwee weider Bränn. Zu Viichten stoung en Dënschdeg den Owend eng landwirtschaftlech Maschinn a Flamen. An e Vegetatiounsbrand gouf et tëscht Kietscht an Éischt.