Um BriddelAn Haus agebrach a Schief duerchwullt

RTL Lëtzebuerg
D'Police deelt e Freideg de Moie mat, datt hinnen an de leschte Stonnen eng Rei Abréch gemellt goufen.
© RTL Archiv

Wéi et aus dem Police-Bulletin ervir geet, gouf en Donneschdeg den Owend an en Eefamilljenhaus um Briddel agebrach. Den oder d’Täter hunn dobäi an enger Rei Schief no Géigestänn gesicht.

Iwwerdeem hate sech Abriecher an der Nuecht op e Freideg Accès an e Restaurant an der Rue de la Semois zu Hollerech verschaaft.

A béide Fäll war d’Spueresécherung op der Plaz an et goufen Ermëttlunge lancéiert.

D’Police erënnert an deem Kontext och dorun, datt si op hirem Site eng Rei Rotschléi ginn, wéi ee sech preventiv virun Abréch ka schützen.

Back to Top
CIM LOGO