RéckruffAn "Urkorn Fit & Vital"-Vitaminbrout kéinte Friemkierper aus Plastik sinn

RTL Lëtzebuerg
D'Veterinärs- a Liewensmëttelverwaltung rifft d'Brout vun der Mark Lieken Urkorn wéinst der Gefor vum Erstécken oder vu bannenzege Blessuren zréck.

Am “Urkorn Fit & Vital"-Vitaminbrout, dat a verschidde Butteker zu Lëtzebuerg verkaf gëtt, kënne Friemkierper aus Plastik sinn, wéi d’ALVA e Méindeg matdeelt. De Produit gëtt deemno zeréckgeruff, well en Erstéckungsrisiko beim verschlécke vu Stécker besteet, grad ewéi d’Gefor vu bannenzege Blessuren.

Méi Informatiounen zum Réckruff fannt Dir um Site vun der ALVA.

Back to Top
CIM LOGO