Véier alkoholiséiert Chauffere gepëtztAn zwee Fäll war de Permis fort an eemol gouf et e Fuerverbuet

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwochowend respektiv an der Nuecht huet d'Police e puer Automobiliste gepëtzt, déi ze déif an d'Glas gekuckt a sech hannert d'Steier gesat haten.
© RTL Archivbild

E Mëttwoch den Owend ass enger Policepatrull an der Avenue de la Liberation zu Schëffleng en Auto opgefall, deen net ganz richteg geparkt war. De Won stoung um Trëttoir virun engem Zebrasträifen, an enger Garagenafaart. De Chauffer gouf kontrolléiert, dobäi hunn d’Beamten en Alkoholgeroch festgestallt. En uschléissenden Test war positiv an de Permis gouf agezunn.

Dee selwechten Owend gouf nach e Gefier an der Route du Vin zu Gréiwemaacher gemellt, deen am Zickzack gesteiert gouf an dobäi och e puer Mol de Bord vum Trëttoir ze pake krut. D’Fra hannert dem Steier gouf kuerz drop gestoppt. Och hei war den Alkoholtest positiv an de Permis fort.

Eemol e provisoresche Fuerverbuet an eemol e Protokoll gouf et da fir zwou Automobilistinnen, déi an der Nuecht op en Donneschdeg an der Iechternacher Strooss zu Altréier Schlaangelinne gefuer sinn. Zeien hate béid Gefierer gemellt, déi méi spéit vun enger Patrull op enger Bensinnsstatioun gesi goufen. Et koum zur Kontroll an den Otemtest war och hei a béide Fäll positiv, d’Strofe si wéi gesot ënnerschiddlech ausgefall.

Back to Top
CIM LOGO