Aus dem PolicebulletinKläppereien am Garer Quartier an zu Esch, eng Persoun hat See dobäi

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch den Owend an an der Nuecht op en Donneschdeg huet d'Police op enger Rei Plaze wéinst Kläppereie missen ausrécken.
© Laurent Weber

Zwee Asätz gouf et dem Bulletin vun der Police no e Mëttwoch den Owend zu Esch: Am Neiduerf war an engem Bus eng Kläpperei tëschent enger Rei alkoholiséierte Persoune gemellt ginn. Eng Persoun konnt op der Plaz ugetraff ginn, se koum fir en Traitement an d'Spidol. Spéider konnten zwou weider Persounen ugetraff ginn, vun deenen ausgaange gëtt, datt si an der Kläpperei involvéiert waren. Eng Enquête gouf lancéiert.

Deen nämmlechten Owend dann eng Kläpperei tëschent e puer Männer op der Héicht vun der Place am Boltgen. Ee vun den Involvéierten hat der Police no eng See dobäi. Dës gouf beschlagnaamt an e Protokoll erstallt.

An der Nuecht op en Donneschdeg gouf da Streidereien tëschent e puer Leit virun engem Café an der Rue Joseph Junck am Garer Quartier. E Mann wier hei ëmmer nees op d'Strooss gelaf. Hie war staark alkoholiséiert a gouf no enger medezinescher Kontroll an eng Ausniichterungszell bruecht.

Back to Top
CIM LOGO