Vum Hierscht un a wärend 3 Joer léiert d'Anne-Catherine Schiltz fir Hiewan. Och dorobber freet déi jonk Fra sech.
Wärend 3 Deeg gouf de Wäin an déi néi Kinnigin gefeiert. Schonn um Samschdegowend war eng méi lass op der Musel. Mat engem Fakelzuch an engem imposante Freedefeier stoung Gréiwemaacher Kapp. Um Sonndeg dunn e grousse Cortège duerch d'Stroosse vun der Muselstiedchen. Eng 40 Fouss- a Museksgruppen hunn den Dausende vu Leit, déi laanscht d'Stroosse stoungen, e flotten Nomëtteg gebueden.
Anne-Catherine Schiltz heescht déi néi Wäikinnigin
Si kennt vu Gréiwemaacher an ass 21 Joer al. Si vertrëtt elo wärend 12 Méint d'Lëtzebuerger Musel an de Wäin. Hir Mamm war och scho Wäikinnigin.
Cortège um Wäifest zu Gréiwemaacher (8.9.24)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Fir d'Anne-Catherine Schiltz steet elo e gutt gefëllte Programm déi nächst 12 Méint um Programm. Am In- an Ausland vertrëtt Si de Lëtzebuerger Wäin.
74. Gréiwemaacher Drauwen- a Wäifest (7.9.24)
Zu Maacher ass vum 6. bis den 8. September dat traditionellt Drauwen- a Wäifest. Och déi nei Wäikinnigin Anne-Catherine gouf gekréint.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.