KrautmaartÄnnerunge bei Primme fir energeetesch Sanéierung am Logement

RTL Lëtzebuerg
D’Chamber huet um Mëttwoch eng Rei Ännerunge bei de Primmen fir erneierbar Energien am Beräich vum Logement eestëmmeg guttgeheescht.
© RTL

De “Klimabonus Wunnen” fir d’energeetesch Renovatioune vu Wunnenge gëtt bis 2035 verlängert, retroaktiv op den 1. Januar. D’Prefinanzéierung gëtt et vun elo un och fir Wärmepompelen. Donieft gëtt et vun elo un eng forfaitaire Hëllef an net méi a Funktioun vun der Leeschtung, fir datt net déi stäerkst, mee optimaalst Anlagen erausgesicht ginn.

Déi Gréng hunn d’Ännerunge matgedroen, och wann d’Deputéiert Joelle Welfring kritiséiert huet, datt et elo Forfaite ginn. D’Stäerkt vun der Anlag géing net vum Portmonni ofhänken, mee vun technesche Facteuren. Den Ëmweltminister Serge Wilmes huet sech géint de Virworf, datt e wéilt spuere gewiert an huet betount, datt ausser bei ganz staarken Anlagen d’finanziell Hëllef an d’Luucht geet. Hien huet nach ergänzt, datt eng Rei Primme weider sozial gestaffelt bleiwen.

Hien huet op Nofro vum LSAP-Deputéierte Franz Fayot dann och matgedeelt, datt nach 2.000 Dossieren net traitéiert wieren, mee dat wieren der nach aus dem ale Regime. Et wieren och Efforte gemaach ginn, mat externe Firmen fir d’Retarden ënner 5 Méint ze kréien. Iwwert de Summer géingen d’Beamten och d’Retarden bei iwwer 500 Demanden ënnert dem neie Regime opschaffen.

Bezuelbare Wunnraum elo d’utilité publique

D’Majoritéit vun den Deputéiert huet och Ännerungen am Beräich vum bezuelbare Wunnraum ugeholl. Esou gëtt de Logement abordable elo “d’utilité publique” an de Wee gouf opgemaach fir Partnerschaften tëscht der ëffentlecher Hand an de private Promoteuren – sougenannt public private partnerships.

Wärend den Debaten hunn de gréngen Deputéierte Meris Sehovic an den Deputéierte vun déi Lénk David Wagner bedauert, datt de Staat net méi Suen hätt, fir selwer méi Wunnengen ze kafen.

Back to Top
CIM LOGO