Zwee Autoen am CoupBei engem Accident tëscht Lampech a Reckeng goufen dräi Leit blesséiert

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS huet e Mëttwoch de Mëtteg de Bilan aus de leschte Stonne gezunn.
© Jeannot Ries

Am Bulletin vun de verschiddenste Corpse vum CGDIS ginn direkt dräi Bränn gemellt. Zu Rammerech stounge Botten a Flamen, d'Ekippe vu Gréiwels, der Nordstad, Rammerech a Réiden waren hei am Asaz. D'Vegetatioun huet dann tëscht Déiljen a Beefort gebrannt, wou Beefort, Bäerdref , Waldbëlleg an Iechternach op der Plaz waren, wéi awer och tëscht Koler an Héiweng, wou d'Rettungsdéngschter vu Koler, Kielen, Käerjeng, Stengefort a Péiteng geruff goufen.

Ee Blesséierte gouf et dann zu Hollerech, wéi en Auto an Motorrad net laanschtenee koumen. Hei waren d'Rettungsdéngschter an de Samu aus der Stad op der Plaz. Tëscht Lampech a Reckeng waren zwee Ween anenee gerannt, déi dräi Blesséiert goufen vun den Ekippe vu Monnerech, Suessem-Déifferdeng an Esch behandelt. De Stater Samu war dann zesumme mat den Ekippen aus der Stad a vu Mamer och tëscht Mamer a Capellen gefuerdert, wéi eng Persoun blesséiert gouf, wéi e Motorrad an en Auto en Accident haten.

Back to Top
CIM LOGO