
D`Schmiererei, déi eng offensichtlech Positioun am Krich am Noen Osten tëscht Israel an der Hamas wëll anhuelen, gouf direkt op der Plaz virum Escher Resistenzmusée placéiert.
Op Nofro beim Escher Buergermeeschter Christian Weis krute mer matgedeelt, dass d’Gemeng Bescheed weess an dass hir Servicer informéiert goufen. D’Plaz wier och scho gebotzt ginn, de Graffiti wier mëttlerweil fort, sou de Christian Weis. Juristesch géif nach gepréift ginn, ob een hei eng Plainte wäert säitens der Gemeng maachen.
Bei der Police ass bis ewell nach net gewosst, dass eng Plainte vu baussen agaange wier.