
D'kathoulesch Kierch ass net d'accord mat enger Carte Blanche, déi e Freideg de Mëtteg op eiser Antenne vum President vun AHA - der Vereenegung vun den Humanisten, Atheisten an Agnostiker- diffuséiert gouf. D'Behaaptung, déi de Bob Reuter opgestallt huet, datt Reliounscommunautéiten hir Zerwisser gratis kënnen offréieren, well Se vun Jiddwerengem géife bezuelt ginn, wier reegelrecht falsch a géif net stëmmen.
D'kathoulesch Kierch preziséiert, datt all kierchlech Zeremonien a Kierchen a Kapellen sinn, déi soit dem Kierchefong gehéieren a selwer finanzéiert ginn oder déi Gemenge gehéieren, a wou et och de Kierchefong ass, deen fir den Ënnerhalt muss opkommen. Dafen, Bestietnesser an Trauergottesdéngschter wieren och net gratis, mee géife bezuelt ginn.
Zanter der Trennung vun de Kierchen an dem Staat goufe 56 Leit vum Äerzbistum agestallt, déi aus dem Budget vum Bistum bezuelt ginn an net vun der Allgemengheet finanzéiert - sou de Bistum weider a senger Äntwert op d'Aussoe vum AHA-President um Radio.