Rendez-vous beim UntersuchungsriichterHandy-Déif an Drogendealer goufen no Dote verhaft

RTL Lëtzebuerg
An der Stad goufen, an zwee ënnerschiddleche Fäll, zwou Persoune festgeholl an dem Untersuchungsriichter presentéiert.
© RTL

An der Nuecht op en Donneschdeg goufen d'Police-Beamten an der Stad bei der Gare op zwee Männer opmierksam, déi sech verdächteg beholl hunn an am Verdacht stoungen, dass et sech ëm Konsumenten, respektiv Dealer kéint handelen. De presuméierte Keefer gouf kontrolléiert, dräi Bulle mat Droge goufe bei him fonnt. Beim Dealer, deen och kontrolléiert gouf, gouf Boergeld an en Handy séchergestallt. Op Uerder vum Parquet gouf de Verdächtege festgeholl a koum en Donneschdeg de Moie virun den Untersuchungsriichter.

En Donneschdeg den Owend gouf an der Stad um Boulevard Royal en Handy geklaut. Den Tatverdächtegten konnt vun engem Sécherheetsbeamten gestoppt ginn. D'Police ass dunn op d'Plaz komm an op Uerder vum Parquet gouf de Mann verhaft. Hie koum e Freideg de Moie virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO