
Ëmmer nees héiert een an de Medie vun de sougenannte Schockuriff. Krimineller ruffen un, fir mat engem falschen Uruff virun allem vulnerabel Persoune vill Suen ze klauen. Esou geschitt viru Kuerzem am Oste vum Land.
Eng eeler Damm krut en Uruff. Relativ direkt hätt si gesot kritt, dass hire Fils ee mam Auto um Zebrasträifen ugestouss hätt an elo séier misst Sue bezuelen. Déi Kriminell hunn d’Fra vun der Musel an e längert Gespréich verwéckelt an hu versicht, e Maximum un Informatioune vun hir ze kréien. Ausginn hunn si sech als Poliziste vun Tréier.
Hire Fils* sot am Gespréich, dass seng Mamm ëmmer nees gesot krut, si dierft mat kengem schwätzen.
“Se hu meng Mamm ëmmer nees ugeruff an d’Geschicht méi schlëmm gemaach. Am Ufank war d’Persoun, déi ech angeblech ugestouss hunn, nëmme blesséiert, méi spéit schwéier blesséiert, um Ënn esouguer gestuerwen.”
Permanent wiere Montante gefall, déi d’Fra hätt sollen der Police ginn, rieds war zu engem Ament esouguer vun 10 Kilogramm Gold.
Der eelerer Fra gouf esouvill Angscht gemaach, dass si effektiv mat kengem geschwat huet an dunn och den Dag drop op d’Bank gaangen ass, fir e puer Dausend Euro opzehiewen.
De Banquier huet allerdéngs refuséiert, der Fra ouni Erklärung esouvill Suen ze ginn. Wéi si du gesot huet, wisou si d’Sue brauch an et wichteg wier, huet de Mann op der Bank gesot: “Kommt, mir ruffen Äre Jong un.”
“Ech hu geduecht, meng Mam hätt e Schlag gemaach, wéi si mer ugeruff huet”, erënnert sech de Fils, deen dunn direkt bei seng Mam gefuer ass.
D’Famill huet Plainte bei der Police gemaach. Wärenddeem si um Policebüro souzen, krut d’Fra e weideren Uruff, duerch déi vill Gespréicher krute si och d’Handysnummer vum Affer. Ënner Opsiicht vun der Police, huet d’Fra d’Spill weidergeféiert, fir esou op d’mannst en Deel vun den Täter ze ermëttelen. De Fils erkläert: “Dat war dat Nidderträchtegst, wat ech bis elo héieren hunn. Dat ass ganz schlëmm fir eeler Leit. Wéi do versicht gëtt, si eranzeleeën.”
Zu enger Iwwergab sollt et awer dunn net kommen. D’Police geet dovun aus, dass déi Kriminell matkruten, dass si schonn implizéiert waren.
Op Nofro heescht et vun der Police, dass et ëmmer nees zu esou Fäll kënnt. Och zu Lëtzebuerg. A leider géifen och ëmmer nees Leit esou ganz vill Sue verléieren.
De Marc Ragnacci, Responsabel vum Service Preventioun vun der Police, seet, dass déi Appeller relativ gutt géife gemaach ginn. Esou géif et fir deen, deen ugeruff gëtt, effektiv esou ausgesinn, wéi wann zum Beispill d’Police vun Tréier géing uruffen.
D’Police géif ni Leit uruffen a si no Sue froen. An esou engem Fall soll ee sech d’Nummer opschreiwen an no engem Numm vum Beamte froen. Am Zweiwelsfall anhänken.
Da soll een och direkt nofroe bei de genannte Persounen, ob zum Beispill, wéi an dësem Fall, de Fils wierklech net ze erreechen ass.
D’Police hätt awer och e Messagen un d’Banke ginn, besser opzepassen, wa Persounen op eemol wëlle grouss Zommen ophiewen. Beim Temoignage an dësem Artikel war d’Reaktioun vum Banquier entscheedend an huet verhënnert, dass d’Fra vill Sue verluer huet.
Vill Informatioune géife Krimineller och iwwer d’Profiller an de soziale Medie gewuer ginn. Zum Beispill, ob ee Kanner oder Hausdéieren huet. Dat Wësse géif an den Telefonsgespréicher genotzt ginn, fir d’Leit eranzeleeën.
Bei der Police geet een dovun aus, dass et eng grouss Donkelziffer gëtt. Vill Leit, déi méi spéit mierken, dass se op e Schockuruff eragefall sinn, soen näischt méi, well si sech schummen. Fir d’Aarbecht vun der Police wier et allerdéngs wichteg, alles ze mellen. Am einfachste wier et do, Plainte bei sengem lokale Policebüro ze maachen, esou de Kommissär Ragnacci.
*Déi ganz Famill wëll anonym bleiwen.
Dir wëllt Kontakt mat der Redaktioun ophuelen? Hei kënnt Dir Iech mellen: