No Policeasaz zu PeppengArméierte Mann soll Leit menacéiert hunn, Sich geet weider

RTL Lëtzebuerg
Wéi et e Freideg am Nomëtteg vun der Police matgedeelt gouf, koum et zu enger Interventioun zu Peppeng an der Rue des Ponts.
Policeasaz zu Peppeng
Arméierte Mann soll aner Leit menacéiert hunn, gëtt gesicht

D’Police huet e Freideg am Nomëtteg den Appell lancéiert, dass ee kee soll mam Auto zu Peppeng an Ëmgéigend mathuelen. Wisou genee, gouf net matgedeelt. Et géif no enger suspekter Persoun gesicht ginn, heescht et. Och den Helikopter war deen Moment an där Géigend ënnerwee.

Stand Samschdeg de Moien sot e Spriecher vun der Police, d’Enquête géif nach ëmmer lafen. D’Police géif kommunizéieren, géif sech een neien Ament opdoen.

D’Police schreift vun engem Verdächtegen mat nordafrikaneschen Originnen, deen eng Jeansbox, schwaarz-wäiss Turnschong an eng schwaarz Jackett unhuet. All Info ass fir den 113.

Sur place war ënner anerem och d’Spezialunitéit mat schwéier arméierte Beamten, déi awer am Laf vun der Interventioun ofgezu goufen.Verschidde Policepatrulle waren nach méi laang am Asaz, och si si schwéier arméiert. Wéi et vun RTL-Mataarbechter zu Peppeng heescht, géif sech den Asaz op e Privathaus an der Rue des Ponts konzentréieren.

Um Freideg den Owend um 22.30 Auer hat d’Police schonn op Nofro hi bestätegt, dass den Asaz nach net eriwwer wier, an nach ëmmer no enger Persoun gesicht géif ginn. Wou genee dat de Fall ass, gouf net preziséiert.

Am Beräich vum Police-Asaz zu Peppeng selwer war no 22 Auer näischt méi ze gesinn, wéi mer an d’RTL-Redaktioun eragemellt kruten.

Back to Top
CIM LOGO