E puer Honnert Euro geklautArméierten Iwwerfall a Restaurant zu Uewerkuer

Christophe Hochard
Wéi d'Police schreift, gouf e Méindeg den Owend géint 21.30 Auer an der Rue Pierre Dupong zu Uewerkuer e Restaurant iwwerfall.
Iwwerfall an engem Restaurant zu Uerwerkuer
E Mann, dee mat engem Messer arméiert war, hat zu Uewerkuer an engem Restaurant e puer honnert Euro geklaut.

Wéi aus dem Policebericht ervirgeet, soll de maskéierten Täter, deen e Messer bei sech hat, d’Personal opgefuerdert hunn, him de Contenu vun der Keess ze ginn. Dono ass de Mann fortgelaf. Et gouf kee blesséiert, ma eng Enquête gouf ageleet. Den Täter hat däischter Kleeder an eng Kagull un an hat e grousst Kichemesser an der Hand.

Op der Plaz nogefrot, hunn d’Employéeën e puer méi Detailer matgedeelt. Den arméierte Mann hätt effektiv eng Kagull ugehat a franséischt geschwat. D’Personal wier mat engem Messer menacéiert ginn, ma eng Serveuse wëll och eng Pistoul erkannt hunn. De Proprietär vum Restaurant war zum Zäitpunkt vum Iwwerfall an der Kichen. Clientë waren deen Ament keng méi do.

Wat ass iwwert den arméierten Iwwerfall zu Uewerkuer gewosst.
De Christophe Hochard huet sech op der Plaz en Androck gemaach a mam Personal vum Restaurant, deen iwwerfall gouf, geschwat.

De Brigang hätt sech kënne mat e puer Honnert Euro no just e puer Minutten duerch d’Bascht maachen. Eng Plainte bei der Police gouf deposéiert.

Back to Top
CIM LOGO