Um MëttwochArméierten Iwwerfall op eng Bensinsstatioun zu Rëmeleng

RTL Lëtzebuerg
An der Rue des Martyrs huet en Onbekannten eng Employée vun der Bensinsstatioun mat enger Waff menacéiert a si gezwongen, d'Suen aus der Keess erauszeginn.

Duerno huet sech de Mann duerch d'Bascht gemaach. D'Police hat direkt eng Sich lancéiert; ouni Succès. D'Fra gouf beim Iwwerfall net blesséiert. Ermëttlunge goufen an d'Weeër geleet.

Back to Top
CIM LOGO