SEW/OGBL a LandesverbandAsaz fir d'Chargés de cours schonn "zënter Joerzéngten"

RTL Lëtzebuerg
No der Grënnung vun der neier Ënnerorganisatioun vun der Staatsbeamtegewerkschaft CGFP fille sech den SEW/OGBL an de Landesverband virun de Kapp gestouss.
© Envato Drazenphoto

An engem Communiqué betounen déi zwee Syndikater, datt si elo schonn “zanter Joerzéngten” fir d’Chargés de cours am Asaz wieren. Et wier hir Aarbecht, déi wesentlech zu de Verbesserunge vun den Aarbechtskonditioune vun de Chargéeë bäigedroen hätt.

Aktuell fuerderen SEW a Landesverband ënnert anerem, datt all Chargé de cours nom zweeten CDD automatesch en onbefriste Kontrakt ugebuede kritt, eng Altersdecharge zegutt huet an e bessere Kënnegungsschutz kritt.

Back to Top
CIM LOGO