
Zu Schlënnermanescht hat en Automobilist an der Haaptstrooss e Motosfuerer ze pake kritt. Heibäi gouf eng Persoun blesséiert. Nieft de Pompjeeë vu Buerschent an Housen waren d’Ambulanz aus der Nordstad, de Samu an de Rettungshelikopter op der Plaz.
E Sonndeg huet d’Police weider Detailer zum Accident ginn. Eng Motocyclistin aus engem hollänneschen 3er-Grupp war an enger schaarfer Rietskéier ze wäit op déi aner Spuer geroden an ass du frontal an en Auto gerannt, deen entgéint komm ass. D’Motocyclistin ass iwwert den Auto geschleidert ginn.