Konferenz vum Institut Pierre WernerAss 2025 en decisiivt Joer fir d'Ukrain?

RTL Lëtzebuerg
Ëm déi Fro goung et e Méindeg den Owend op enger Konferenz an der Abtei Neimënster, déi vum Institut Pierre Werner organiséiert gouf.
© Dany Rasqué / RTL

Konferenz iwwer d’Zukunft vun der Ukrain an Europa / Reportage Dany Rasqué

Wéi de fréiere Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn, de fréieren däitschen Ausseminister a fréiere Vizekanzler Sigmar Gabriel an déi fréier franséisch Ambassadrice a China, Groussbritannien a Russland d’Sylvie Bermann
viru Woche fir dës Konferenz zougesot hunn, hate si nach keng Anung, datt d’Aktualitéit an deenen dräi Deeg virdrun an och nach an de Stonnen dono esou géif dréinen.

D’USA hätten no 80 Joer decidéiert, keng europäesch Muecht méi wëllen ze sinn, seet de Sigmar Gabriel.
Dat wier déi eigentlech “Zeitenwende”. “Mir ginn elo iwwerrullt vum Donald Trump, dee méi mécht, wéi den Hutt vum Weltpolizist un den Nol ze hänken, mä deen anengems och nach d’Säite wiesselt. Wie vun eis hätt sech virun e puer Woche kéinte virstellen, datt en amerikanesche President de russeschen Narrativ vum Krich an der Ukrain iwwerhëlt a seet, dee Schëllege wier eigentlech d’Ukrain. Wien hätt sech dat kënne virstellen? Ech net!

De Jean Asselborn ass dovunner iwwerzeegt, datt den ukrainesche President e Freideg an eng Fal geroden ass an ass schockéiert iwwert den Toun zu Washington. A senger 20 Joer laanger Karriär als Ausseminister hätt hien an Diskussiounen ni esou eng Aggressivitéit erlieft. “Et war mir, wéi wann zwee Mafiosi do sëtzen, den JD Vance war jo nach méi schlëmm wéi den Donald Trump. An da muss de President Selenskyj, deen elo dräi Joer laang Krich huet misste matmaachen an honnertdausende vu senge Landsleit verluer huet, sech soe loossen, hie géif mam drëtte Weltkrich spillen. Wann dach ee mat dem drëtte Weltkrich spillt, ass et de Putin. Et kann dach net de President Selenskyj sinn, dee sech just géint dës Iwwermuecht ka wieren.

En Donneschdeg ass zu Bréissel en extraordinäre Conseil européen, mä de Sigmar Gabriel ass net optimistesch, datt dobäi vill erauskënnt, ganz einfach, well do Leit wéi de Victor Orban mat dobäi wieren. Vill méi wichteg wier de Sommet e Sonndeg zu London gewiescht, seet och de Jean Asselborn.

Déi fréier Ambassadrice Sylvie Bermann deelt déi Meenung, fënnt awer, dat um Enn net vill dobäi erauskomm ass. “Reaffirmatioun, datt de President Selenskyj an d’Ukrain weider ënnerstëtzt ginn, de Wëlle fir d’Elementer vun der Stäerkt an der Verdeedegung ze stäerken, mä et gouf keng konkret Initiativ a virun allem huet dono jidderee gesot, et misst een onbedéngt déi amerikanesch Presenz an Europa oprechterhalen, d’Ënnerstëtzung vu Washington weider behalen. An den NATO-Generalsekretär Mark Rutte huet den Wolodymyr Selenskyj gefrot, seng Relatioune mam Donald Trump ze flécken.

Dat schéngt no der Nouvelle aus der Nuecht op en Dënschdeg nach méi wéi komplizéiert. Ëm 2.30 Auer eiser Zäit huet d’wäisst Haus annoncéiert, datt d’US Regierung d’Militärhëllef fir d’Ukrain bis op Weideres stoppt. De President Trump hätt “onmëssverständlech kloer gemaach, datt säi Fokus um Fridde läit.” Eng weider Eskalatioun deemno, déi vill Froen opwërft. Notamment déi, wat dat fir d’Ukrain a fir de Fridden um europäesche Kontinent bedeit.

Back to Top
CIM LOGO