Dowéinst hu mir beim Inneministère nogehaakt a kruten och d’Äntwerten op verschidde Froen, respektiv d’Erklärungen zu verschidde Problemer, déi eis ëmmer erëm erageschéckt goufen.
Fir méi genee erauszefannen, wat bei den Tester vum LU-Alert geklappt huet a wat net, respektiv fir ze gesinn, wéi d’Systemer bei der Populatioun ukommen, huet den Inneministère e Sondage lancéiert.
Dësen ass bis den 1. November online a kann op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch gemaach ginn.
Brauch een eng SIM-Kaart am Handy, fir datt de Cell Broadcast funktionéiert?
“Nee”, heescht et vum Ministère: “Den Alarmtoun, de Cell Broadcast Message, gëtt iwwert d’Radiozelle vum Mobilfunknetz diffuséiert an net iwwert den typeschen Handyreseau. En Handy kritt dofir och ouni eng SIM-Kaart e Cell Broadcast Message. Dëst bedeit, dass all Handy, dee kapabel ass, fir sech mat engem Funkmast ze verbannen, e Cell Broadcast Message empfänke kann, egal ob eng SIM-Kaart dran ass oder net. Dëst ass wichteg bei akute Geforen, well et garantéiert, dass esou vill Leit wéi méiglech gewarnt ginn, och wa se keng aktiv SIM-Kaart hunn.”
Gräift de System op mäin Handy zou?
Och hei ass d’Äntwert nees kloer “Nee”. “D’Technologie vum Cell Broadcast gräift net op den Handy zou, mä just op d’Mobilfunknetzantennen. Et ass e GSM-Protokoll (ëffentlech disponibel um Internet), deen d’Informatioun ‘broadcast’, also no baussen diffuséiert, respektiv ‘ausstraalt’, ouni dass eng Informatioun vum Handy zeréckgeschéckt gëtt. Et ginn also keng Donnéeë getrackt an et kann een och keen Toun, de Mikro oder d’Kamera usteieren.” Doduerch ass dann och keng sougenannt ‘remote control’ méiglech.
Verstéisst de Cell Broadcast Message géint den Dateschutz?
De System ass duerch seng Technologie “konform mam GDPR”, well keng perséinlech Daten traitéiert ginn. “De Staat kritt iwwert kee Wee perséinlech Donnéeën an d’GSM-Provider ginn och keng Telefonsnummer un de Staat virun, fir d’Messagen ze schécken.”
De Sound huet Leit erféiert
“D’Technologie vum Cell Broadcast ass eenzegaarteg an zeechent sech mat deem ‘schrillen’ Toun aus, et ass e weltwäite Standard (wéi zum Beispill de franséischen FR-Alert). Dofir ass den Toun wichteg, och wann en ongewinnt an ass an d’Leit erschrecke kann.”
Wéini gëtt de Cell Broadcast Message agesat?
“De Cell Broadcast wäert an Zukunft ëmmer just dann agesat ginn, wann eng akut Gefor fir déi betraffe Leit besteet, wat och heescht dass déi betraffe Leit an deem Fall direkt reagéieren oder handele mussen.”

Den Handy war op lautlos an huet och keen Toun vu sech ginn
“Dëst hänkt vun de Versioune vum Operating System vum Handy of”, heescht et aus dem Ministère. Detailer dozou fënnt een um Site vun LU-Alert.
Den Handy huet méi laang geschellt oder huet ëmmer nees domadder ugefaangen, respektiv et koum eng SMS vun enger véierstelleger Nummer
Genau fir esou Problemer ze identifizéieren, géif een Tester ënnert reelle Konditioune maachen, erkläert de Ministère. “Dëst kann och vum Modell vum Handy oder vum GSM-Provider ofhängeg sinn. D’Astellunge vum Handy (méi genee vun den Notifications) kënnen och en Afloss drop hunn.” Am zoustännege Ministère wäert een dës Problematik elo méi genee analyséieren.
De Message gouf just op Englesch virgelies
Dat huet näischt mam Cell Broadcast ze dinn, mä dat hänkt vun den Handye selwer of. Dat missten d’Leit perséinlech an hiren Astellunge verifizéiere kënnen.
Et ass guer kee Message um Handy ukomm
Dëst kann effektiv méi Grënn hunn. Dofir muss den Handy relativ rezent sinn an den neisten Update hunn, präziséiert de Ministère. Et ginn awer och nach aner Grënn, wéi wann een op enger Plaz war, wou een net am Lëtzebuerger Reseau war, wéi an der Grenzregioun, an engem Funklach oder am Keller vun engem Haus. Och wann een de Fluchmodus um Handy unhat, ass de Message net duerchkomm.
De Message konnt een net liesen, wann een e séier ewechgedréckt hat
Dat, esou heescht et vum Ministère, kann een awer jee no Handy nach nokucken. “Bei iPhone bleift se esoulaang am ‘Notification Center’, bis een deen eidel mécht. Bei den Apparaten, déi mat der Android Software equipéiert sinn, ass dat anescht. Do gëtt d’Notifikatioun an de Settings, beim Historique vum ‘wireless emergency alerts menu’ ofgespäichert.”
«Mat LU-Alert gesäis du et kommen» - sondage d’opinion à la suite du lancement de «LU-Alert» (25.10.2024)
Communiqué par : ministère des Affaires intérieures
À la suite du lancement du nouveau système d’alerte et d’information à la population «LU-Alert», le 17 octobre 2024, et de la semaine de tests qui s’est déroulée du 17 au 24 octobre 2024, le ministère des Affaires intérieures invite la population à participer à un sondage qui porte sur les tests réalisés au cours de cette période.
Lors de ces tests, trois canaux d’alerte différents du nouveau système «LU-Alert» ont été testés et des messages d’alerte tests ont été émis via ceux-ci au grand public. Les canaux d’alerte testés sur l’ensemble du territoire luxembourgeois étaient:
En participant au sondage, vous pouvez nous faire part de votre expérience. Ainsi vous nous aidez à évaluer le déroulement des tests.
Le sondage est accessible, jusqu’au 1er novembre 2024, en langue luxembourgeoise, allemande, anglaise et française via le lien suivant https://etat.emfro.lu/s3/Sondage-d-opinion-LU-Alert-2024 ou le code QR.

RTL-News: Kuerz no 10.30 Auer Handyen am ganze Land hu gerabbelt - Test vum LU-Alert
RTL-News: E Méindeg - Just en Test vun LU-Alerte - Keng Panik am Kanton Miersch
RTL-News: LU-Alert - Neie Warn- an Informatiounssystem