
Dorënner sinn och d’DP, d’LSAP an déi Gréng. 2022 wollt d’CSV d’Memberschaft am Kommitee roue loossen, doropshin hunn d’Memberen decidéiert, datt d’CSV net méi am Aktiounsgrupp soll dra sinn.
En Dënschdeg, wärend der Debatt ëm d’Atomkraaft, sot den CSV-Deputéierten Jeff Boonen dunn dat hei:
Faktesch ass dës Ausso richteg, wëll effektiv ugangs Februar am CSV Nationalkommitee decidéiert gouf, nees am Aktiounscomité aktiv matzeschaffen, mee et schéngt ee vergiess ze hunn, déi néideg Demarchen ze maachen.
Wéi et op RTL Nofro vum Aktiounscomité heescht, hätt sech d’CSV bis ewell nach net gemellt, fir nees Member ze ginn. D’Diere stéingen awer op, och wann dann iwwert d’Orientatioun vun der CSV géintiwwer der nuklearer Energie misst geschwat ginn.
Genee wéi d’ADR ass domat d’CSV weider net Member vum Aktiounscomité. Och déi gréng Walfer Schäffen Jessie Thill hat dodrop an engem Message op X higewisen a gemengt, datt mat den Aussoen vum Deputéierten Boonen en Dënschdeg um Krautmaart “zimmlech kloer wier, datt d’Partei net nees kéint Member am Zesummeschloss géint d’Atomkraaft ginn”.