Wieder op NationalfeierdagAss et dréche fir d'Freedefeier?

Pitt Wagner
Vun e Sonnden u geréit Lëtzebuerg ënner Héichdrockafloss, et gëtt frëndlech an dréchen. Mee wéi ass et mam Virowend vun Nationalfeierdag.

Schonn den Ufank vum Samschden ass gro an naass, mat Schaueren an och deels Wiederen, déi ze erwaarde sinn. Vun der Mëttesstonn u berouegt sech d’Situatioun an et kommen och dréche Momenter. Wat den Owend da méi no réckelt, wat och de Risk vu Ree méi kleng gëtt. No 20 Auer räisst den Himmel dann och deels op ,esou dass d’Temperature fale wäerten.

Wien also wëlles huet, nach méi spéit ënnerwee ze sinn, dee soll un eng Jackett denken. Drëpse kann et ëmmer nach a Schauere sinn net komplett auszeschléissen, mee et ass éischter wéinst de killen Temperaturen. An der Stad falen déi vun 20 Auer un op 16°C, ëm Hallefnuecht op 14°C a géint der Moien op 13°C. Zesumme mat der Fiichtegkeet ass dat näischt alt ze Gemittleches.

Opgrond vum Wieder huet d’Gemeng Déifferdeng de fir Samschdeg den Owend geplangte Cortège ofgesot.

Och d’Reequantitéiten, déi iwwert den Dag vum Samschdeg falen, ginn ëmmer manner. Géint d’Mëttesstonn sinn dat an der Zomm bis zu 3,7 mm a bis 15 Auer just nach 1 mm, duerno bleift dat ënnert dem Moossbaren, mee et kann awer emol nach drëpsen.

De Risk op Ree gëtt och konstant méi kleng, esou dass d’Chancen op een dréchent Freedefeier géint der Owend klammen, well de Reerisk quasi 0% wäert sinn. Mee de Reeradar am Ae behalen, kann net schueden.

An Nationalfeierdag selwer versprécht dann nach méi frëndlech ze ginn. Eng gutt Partie Sonn mat décke Cumulus-Wolleken dekoréieren den Himmel bei bis zu 22°C.

A mat Héichdrock geet et an déi nei Woch mat méindes 24°C an dënschdes bis 26°C an der Stad an esou guer bis 28°C op der Musel. Dobäi eng liicht an dréche Lëftchen aus dem Osten, déi dat Schmeiert verdreift. Dat klengt dach no Summer. Ab Mëtt vun der Woch klëmmt de Risk vu Wiederen dann awer.

Back to Top
CIM LOGO