
Wéi de CGDIS an hirem Bulletin schreift, hat géint 12 Auer zu Beefort an der Grand-Rue en Auto an engem Parkhaus gebrannt. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert a vun den Ambulancieren aus der Fiels versuergt. Donieft waren d’Pompjeeë vu Beefort, Konsdref, Jonglënster, der Stad a Reisduerf um Asaz.
E weideren Auto a Brand gouf et iwwerdeem knapp eng hallef Stonn méi spéit op enger Tankstell zu Bartreng. Hei blouf et beim Materialschued. Um Asaz waren d’Rettungsdéngschter vu Bartreng, Mamer an aus der Stad.
Zu Ettelbréck hat et géint 14.31 Auer an der Baaschtnecher Strooss tëscht zwee Autoe geknuppt. Eng Persoun gouf beim Accident blesséiert. Op der Plaz waren d’Rettungsekippe vum Zenter Nordstad.
Eng weider Kollisioun gouf et da géint 15.19 Auer um CR309 tëscht dem Donkelser Potto. Och hei gouf et ee Blesséierten, dee vun de Rettungsdéngschter vu Wëntger, Wanseler a Wolz versuergt gouf.
E weidere Blesséierter gouf da géint 16.12 Auer an der Rue du Scheuerberg zu Bech-Klengmaacher gemellt, nodeems hei en Auto an e Luuchtepotto gerannt ass. Um Asaz waren d’Pompjeeë vu Schengen an d’Ambulanciere vu Réimech.