Elo ass de Site komplettAteliers d'inclusion professionnels vun der APEMH zu Lampech ageweit

RTL Lëtzebuerg
D'Association des Parents d'Enfants Mentalement Handicapés huet um Donneschdeg zu Lampech hier nei Atelieren ageweit.
Ateliers d'inclusion professionnels vun der APEMH zu Lampech ageweit
D’Association des Parents d’Enfants Mentalement Handicapés huet um Donneschdeg zu Lampech hier nei Atelieren ageweit.

Knapp 100 Mënschen mat intellektueller Beanträchtegung schaffen hei um Site oder kréien hei eng Ausbildung. De ganze Projet gouf zu 100 Prozent vum Familljeministère finanzéiert. Zënter 8 Joer ass d’APEMH hei zu Lampech aktiv. No a no si weider Ateliere bäikomm. Elo ass de Site komplett.

Wat hei um Haff produzéiert gëtt, gëtt och hei um Site verschafft. Geméis, Hunneg, Gebeess, Kichelcher alles dat gëtt an den Ateliere veraarbecht a verpaakt an dann am eege Buttek verkaf.

220 Plaze fir Leit mat intellektueller Beanträchtegung ginn et aktuell zu Lampech. Knapp d’ Halschent vun deene Plazen si ewell scho besat.

D’APEMH huet elo am ganze 5 Sitten, wou si 465 Mënsche mat intellektueller Beanträchtegung beschäftegen oder ausbilden.

Back to Top
CIM LOGO