GréiwemaacherAttack mat engem Taser huet Kläpperei ausgeléist

RTL Lëtzebuerg
Donieft mellt d'Police nach en alkoholiséierte Chauffer an en Accident mat Farerflucht an der Stad.
Symbolbild vun engem Taser.
Symbolbild vun engem Taser.
© AFP (Archiv)

Wéi d’Police mellt, koum et an der Nuecht op e Samschdeg zu enger Kläpperei an der Groussgaass zu Gréiwemaacher. Bei der Ausernanersetzung huet als éischt eng vun de Parteien en Taser géint déi aner agesat. Dono si béid Männer uneneegeroden, woubäi déi Zwee blesséiert goufen. Duerch d’Ermëttlunge vun der Police konnte déi zwou implizéiert Persounen ermëttelt an den Taser saiséiert ginn. Et gouf Protokoll erstallt.

En alkoholiséierten Automobilist hat no 1 Auer an der Nuecht op e Samschdeg e Stoppschëld an der Allée Pierre de Mansfeld an der Stad ignoréiert an ass ouni stoenzebleiwen an d’Rue de Clausen ofgebéit. Dat war enger Patrull vun der Police opgefall. Wéi si de Won gestoppt hunn, huet sech erausgestallt, datt den alkoholiséierte Chauffer d’Schëld iwwersinn hat. De Permis gouf agezunn a Protokoll wéinst Alkohol um Steier erstallt.

Zu engem Accident mat Farerflucht koum et e Freideg géint 17.40 Auer am Val de Hamm an der Stad. Bei enger rouder Luucht war eng Camionnette engem Auto hannendrop gerannt an den Auto gouf staark beschiedegt. Fir den Trafic net ze behënneren, hu béid Parteien ausgemaach, datt si an eng Niewestrooss fueren, fir do all déi wichteg Dokumenter auszetauschen. Ma dëst huet de Chauffer vun der Camionnette ausgenotzt an ass einfach weidergefuer, wéi d’Automobilistin aus dem éischte Won an d’Strooss ofgebéit ass. Wéi et der Fra bewosst gouf, war d’Camionnette schonn net méi ze gesinn.

Back to Top
CIM LOGO