Dat mat enger ganzer Rëtsch u Fuerderungen un de Claude Meisch. Dorënner méi Attraktivitéit fir de Beruff a méi Matsproocherecht bei Reformen, déi virun der Dier stinn.
Kritik gouf et en Dënschdeg de Mëtteg direkt par rapport zu der annoncéierter Hausaufgabenhëllef an der Reform vum „Cours d'accueil" fir „Primo-Arrivant". Zwou Initiativen, bei deenen d'Gewerkschaft, zu hirem Bedaueren, nach net mat an d'Boot geholl gouf, esou de Patrick Remakel, den SNE-President.
"Bis elo huet de Ministère nach net mat eis geschwat, dat ass e Problem. Mir wëssen net, wat e virhuet. Mir hätte gären e Gesamtkonzept, wien dat soll maachen, wou dat soll stattfannen a wéi dat konkret soll geschéien."
Et géif ee begréissen, datt d'Hausaufgaben nees allgemeng méi en héije Stellewäerter géife kréien. Mee et dierft och keen aus dem Léierpersonal gezwonge ginn, dës Hëllef no senge Stonnen am Klassesall nach unzebidden. Well och scho fir de „Cours d'accueil" géif et u Personal feelen.
"Am „Cours d'accueil" hu mer deen nämmlechte Problem ewéi an der ganzer Schoul. Mir hunn net genuch Ressourcen, fir déi Kanner ze encadréieren. Soulaang an dëser Reform net och méi Ressourcen an d'Schoule kommen, da brauche mer déi Reform och guer net op de Gesetzeswee ze bréngen."
An der Reform misst och eng intensiv Fërderung vun der Sproch envisagéiert ginn, fir eng besser Inclusioun an de Schoulsystem ze garantéieren.
Och d'Quereinsteiger-Optioun – déi et Studente mat engem Bachelor erlaabt, Schoul ze halen, bleift en No-Go fir den SNE. Et hätt ee genuch Pisten op den Dësch bruecht. Déi awer wieren ignoréiert ginn.
"Mir mussen d'Schoulhalen nees zur Haaptmissioun vum Schoulmeeschter maachen. Mir hätte missen eng Publicitéits-Campagne fir de Rekrutement starten. Näischt gouf gemaach. Et ass näischt geschitt. An elo gesi mer, datt nach ëmmer eng grouss Penurie ass."
Den neie Programm fir d'Quereinsteiger wier carrement e Schlo an d'Gesiicht fir déi, déi den traditionelle Wee aschloen.
"Dat huet natierlech Konsequenze fir déi, déi de Bachelor de Science de l'Education maachen. Déi decidéiere sech, no der Première an déi Richtung ze goen. A just an déi Richtung. Dat heescht déi Leit kënnen herno just an den Enseignement goen. Fir déi Leit ass dat e Schlo an d'Gesiicht."
Den SNE fuerdert och méi Ressourcen an de Schoulen, fir d'Retarde bei de Schüler aus de leschte Méint konsequent kënnen opzeschaffen. En zousätzleche Corona-Contagent gouf op Nofro hin net accordéiert, bedauert den SNE.