
Den Ausbau vum Sportunterrecht géif op Käschte vum Sproochenunterrecht goen. Donieft wieren d’Léierpersonal an d’Gewerkschaften am Virfeld net consultéiert ginn, sou den SEW/OGBL.
Dës Mesure ass jo am Kader vun der Initiativ fir méi Screen-Life-Balance. An déi kéint een och mat anere Mesuren erreechen, wéi zum Beispill mat cibléierter Fërderung vum Liesen.