
De Mann war géint 1.50 Auer bei e Lokal komm, wou seng fréier Partnerin schafft. Déi wollt grad d’Lokal zoumaache wéi si vum Mann belästegt gouf. Hien huet probéiert, an d’Lokal eranzekommen a war nawell ferm opbruecht, wéi hie gesot krut, hien dierft net méi eran.
Doropshin huet hien am Auto vun der Fra ee Feier geluecht an en huet 3 Pneue beschiedegt. D’Feier konnt awer nach geläscht ginn, éier d’Pompjeeën op der Plaz waren. De presuméierten Täter hat sech iwwerdeems duerch d’Bascht gemaach.
Géint 9.30 Auer e Sonndeg de Moie gouf der Police e staark alkoholiséierte Mann zu Diddeleng gemellt. Et war de presuméierten Täter vu Keel, deen dunn a Presenz vu Polizisten och nach Mordmenacë géint seng fréier Partnerin ausgeschwat huet.
De Mann gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum e Méindeg virun den Untersuchungsriichter. Elo sëtzt de Mann an Untersuchungshaft.