112Auto a Brand op der A6, Persoun zu Capellen ugestouss

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg hunn d'Rettungsekippe vum CGDIS op dräi Plazen uechter d'Land mussen agräifen.

Géint 11.06 Auer hat op der A6 a Richtung Stad op der Héicht vun der Aire de Capellen en Auto gebrannt. Dobäi gouf et och e Blesséierten. D’Secouriste vu Mamer a Stengefort waren hei am Asaz.

Um 12.25 Auer gouf an der Areler Strooss zu Capellen eng Persoun vun engem Auto ugestouss a blesséiert. Och hei waren d’Rettungsekippe vu Mamer op der Plaz.

Am Nomëtteg géint 16.25 Auer ass um CR158 tëschent der Kockelscheier a Réiser en Automobilist verongléckt a blesséiert ginn. D’Ambulanz vu Beetebuerg an d’Pompjeeë vum Réiserbann hu sech drëms bekëmmert.

Back to Top
CIM LOGO