
D’Ekippe vum CGDIS an der Stad, grad ewéi de Samu waren en Dënschdeg den Owend kuerz virun 21 Auer op d’Zéissenger Kräiz op der A4 geruff ginn. Dat wéinst engem Auto, deen op der Héicht vu Märel an d’Leitplank gerannt war. Eng Persoun war beim Accident blesséiert ginn.
E puer Stonne virdrun hat et ëm 18.26 Auer op der N12 tëscht dem Heischtergronn an Eschduerf tëscht zwee Ween geknuppt. Am Asaz waren d’Ambulanciere vu Wolz an d’Pompjeeë vun Alebesch. Blesséierter gouf et bei der Kollisioun keng.
Géint 1.10 Auer e Mëttwoch de Moie waren d’Rettungsdéngschter vu Miersch, Lëntgen an der Fiels wéinst engem Auto a Brand op Miersch an d’Rue Erkanfrida geruff ginn. D’Pompjeeë kruten d’Feier ënner Kontroll an et gouf och kee blesséiert. Ma éischten Informatiounen no gouf et kuerz virum Feier een Accident, an deem de betraffenen Auto mat enger Stroosseluucht zesummegeknuppt wat. D’Police konnt de Chauffer fannen an huet een Alkoholtest gemaach, deen dann och ugeschloen huet. Well e gedronk hat, gouf ee provisorescht Fuerverbuet géint hien ausgestallt. Op Uerder vum Parquet gouf de Virfall och protokolléiert.
Op der N32 tëscht Zolwer a Suessem war iwwerdeem kuerz no 3 Auer an der Nuecht op e Mëttwoch e Gefier accidentéiert. Hei waren d’Ekippe vum SaDiff op der Plaz.
An der Nuecht op e Mëttwoch gouf de Beamten ausserdeem dann och nach een Auto gemellt, dee vill ze séier op der A3 ënnerwee war a staark Schlaangelinne gefuer ass. Kuerz Zäit drop huet d’Police de Chauffer ugetraff a kontrolléiert. En Alkoholtest huet ze héich Wäerter gewisen, esou datt och hei ee provisorescht Fuerverbuet ausgesprach gouf.