Samu am AsazAuto bei Rodange op d'Kopp gaangen, zwou Persounen ëm d'Stad ugestouss

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg den Owend respektiv e Méindeg de Moie gouf et méi Asätz fir d'Ekippe vum CGDIS.
© RTL

D’Rettungsdéngschter vum CGDIS waren e Sonndeg op zwee verschidden Accidenter geruff ginn, bei deenen am Ganzen dräi Persoune blesséiert goufen.

Zu Esch an der Rue de l’Hopital war géint 19.22 Auer en Auto an eng Trottinett gerannt. Eng Persoun gouf beim Accident blesséiert a vun de Rettungsekippe vun Esch a Schëffleng versuergt.

Eng Stonn méi spéit géint 20.34 Auer hat sech um Roudenhaff zu Rodange en Auto iwwerschloen, woubäi zwou Persoune blesséiert goufen. Nieft dem Samu vun Esch waren och d’Ambulanciere vun Esch an dem SaDiff, souwéi d’Pompjeeë vu Péiteng am Asaz.

Ma och e Méindeg de Moie war méi op eise Strooss lass. Direkt zwee Mol gouf eng Persoun vun engem Auto ugestouss, datt eng Kéier an zu Stroossen um kuerz no 8 an eng zweete Kéier zu Bouneweg eng Stonn méi spéit. D’Rettungsekippen aus der Stad respektiv mat der Ënnerstëtzung vu Mamer waren hei am Asaz.

Dat war tëscht Elleng an Ierpeldeng (bei Bous) een Auto géint 8.45 Auer accidentéiert, woubäi eng Persoun verwonnt gouf. An um 9.47 Auer krute sech op der A6 a Richtung Stad bei Stengefort zwee Autoen ze Paken, och hei gouf eng Persoun verwonnt. Hei waren d’Rettungsekippe vu Réimech a Munneref respektiv déi vu Stengefort a Mamer op der Plaz.

Am Laf vum Mëtteg koumen dann nach zwee Accidenter no 15 Auer dobäi. Eng Kéier zu Stengefort, wéi een Auto accidentéiert ass an eng Kéier um Keeler-Potto, wou zwee Ween aneneegerannt waren. All Kéiers gouf et eng Persoun blesséiert. Am Asaz waren d’Ekippe vu Stengefort, respektiv vu Keel a vum SaDiff.

Back to Top
CIM LOGO