
Déi riets Spuer ass den Ament nach blockéiert an et staut sech. Nieft enger Camionnette sinn och eng Roulotte an zwee Autoen involvéiert.
Kuerz Zäit drop, géint 13.45 Auer, huet d’Police vun der Aire de Berchem selwer dann och nach ee brennenden Auto gemellt. D’Gefier huet op der Héicht vun der Shell-Bensinnsstatioun a Richtung Stad Feier gefaangen.
A béide Fäll gëtt et den Ament nach keng Entwarnung.
Och op der A4 koum et zu engem Accident. Hei sinn dräi Autoen am Coup an et staut sech.