CGDIS mellt eng ganz Partie AccidenterAuto fält a Waasserbaseng, dräi Blesséierter bei dräi Accidenter

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg den Owend an an der Nuecht op e Sonndeg koum et zu e puer Tëschefäll op eise Stroossen.

E Samschdeg den Owend kuerz no 19 Auer ass zu Mäerzeg een Auto bäigaangen. Eng Persoun gouf verwonnt. Zu Péiteng ass géint 21.40 Auer een Auto an een Waasserréckhaltebaseng gefall. Do blouf et beim Materialschued.

Um 21.50 Auer ass een Gefier op der A4 a Richtung Lëtzebuerg op der Héicht vun Raemerich op den Daach gaangen. Och do gouf et ee Blesséierten.

An de Sonndeg géint 4.20 Auer ass zu Déifferdeng an der Rue Emile Mark een Auto an eng Palissade gerannt. Eng Persoun gouf blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO