Air Rescue am AsazAuto géint Bam tëscht Biekerech an Uewerpallen - 1 Persoun blesséiert

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch de Mëtteg waren d'Air Rescue an de Samu Ettelbréck op e méi uergen Accident tëscht Biekerech an Uewerpallen geruff ginn.
© Air Rescue

Wéi et am CGDIS-Bulletin steet, goufen d’Rettungsdéngschter géint 13.35 Auer op d’RN24 tëscht Biekerech an Uewerpallen geruff, nodeems hei en Auto an e Bam gerannt war. Eng Persoun gouf beim Accident blesséiert a wéi gesot vun der Air Rescue, dem Samu vun Ettelbréck an de Rettungsekippe vu Biekerech a Réiden versuergt.

Ee weidere Blesséierte gouf et eng 20 Minutte méi spéit op der Wemperhaart am Norde vum Land. Hei hat et tëscht zwee Autoe geknuppt. D’Ambulanciere vu Clierf an d’Pompjeeë vu Wäiswampech waren um Asaz.

Back to Top
CIM LOGO