Rued-SirAuto géint Bus - 1 Blesséierten

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg de Moie koum et an der Rue d'Olingen zu Rued-Sir zu engem Accident tëscht engem Auto an engem Bus.

Wéi de CGDIS mellt, gouf eng Persoun verwonnt. Weider Detailer sinn aktuell net bekannt.

Op der Plaz waren eng Ambulanz vu Jonglënster an d’Pompjeeë vu Menster.

Géint 7.30 Auer hat et zu Clierf an engem Haus an der Rue de la Gare gebrannt. Hei blouf et beim Materialschued. D’Pompjeeë vu Clierf a Wëntger waren am Asaz, grad ewéi zwou Ambulanze vu Clierf.

Back to Top
CIM LOGO