Accident op der A1Auto géint Camion a Richtung Tréier op der Héicht vun der Sortie Mäertert

RTL Lëtzebuerg
Um Mëttwoch de Mëtteg koum et zu engem Accident, dee fir Problemer am Trafic gesuergt huet, dat well d'A1 Richtung Tréier gespaart huet misste ginn.
© Domingos Oliveira

RTL-Informatiounen no war dëst de Fall, well hei de Rettungshelikopter huet misste landen.

Éischten Informatiounen no hat de Chauffer vum Auto, an deem sechs Plaze waren, e Malaise an ass dowéinst hannen an de Camion gerannt. Dëse Mann koum dann och an d'Spidol.

De CGDIS hat nach vu weidere 4 Blesséierte geschwat, ma hei schéngt et esou gewiescht sinn, datt dës Leit ënner Schock stoungen a koumen dono an d'Spidol.

Op der Plaz waren d'Rettungsdéngschter vu Mäertert, Jonglënster, Lëntgen a Manternach, wéi och de SAMU.

Back to Top
CIM LOGO