Um DonneschdegowendAuto géint Mauer a Kollisioun tëscht Auto a Vëlo

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend, waren d'Rettungsdéngschter bei zwee Accidenter mat jeeweils engem Blesséierten am Asaz.

Géint 18.40 war an der Route d’Osweiler zu Iechternach en Auto an eng Mauer gerannt. D’Ambulanz an d’Pompjeeë vun Iechternach waren hei op der Plaz.

Kuerz virun 19 Auer waren dann d’Pompjeeën an d’Ambulanz aus der Stad an den Asaz geruff ginn, wéi en Automobilist um Boulevard Roosevelt e Cyclist ze pake krut.

Back to Top
CIM LOGO