SAMU war 2 mol am AsazAuto géint Potto zu Duelem an zu Réimech gouf eng Persoun ugestouss

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS mellt, ass e Samschdeg um 15.48 Auer zu Réimech eng Persoun ugestouss ginn.

Nieft enger Ambulanz aus der Stad an de Pompjeeë vu Réimech, war och de SAMU op d’Plaz geruff ginn.

Eng Stonn virdru war de SAMU schonn op Duelem geruff ginn, nodeems hei en Automobilist mat sengem Gefier an e Potto gerannt ass. Och d’Pompjeeë vun Duelem an d’Ambulanz vu Réimech waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO