
Op der Stäreplaz um Belair huet et géint Hallefnuecht tëscht zwee Autoe gerabbelt. Eng Ambulanz aus der Stad war op der Plaz, fir sech ëm déi zwou blesséiert Persounen ze këmmeren.
Géint 3 Auer an der Nuecht ass um CR106 tëscht Habscht an der Kräizerbuch ee weideren Accident geschitt. Een alkoholiséierte Chauffer hat d’Kontroll iwwert säi Won verluer a koum vun der Strooss of. Den Auto huet kuerz drop Feier gefaangen, ma glécklecherweis eréischt, nodeems déi zwee Leit aus dem Won eraus waren. D’Pompjeeë waren op der Plaz, ma den Auto ass komplett ausgebrannt. Eng Persoun gouf beim Accident blesséiert. Eng Ambulanz vu Mamer war op der Plaz an de Chauffer koum fir eng Kontroll an d’Spidol.
Och zu Rodange goufen d’Secouriste geruff, well een Auto gebrannt huet. Beim Virfall an der Rue de l’Industrie koum allerdéngs keen zu Schued.
An der Nuecht op e Samschdeg huet d’Police dann och nach zwee Fürerschäiner wéinst ze vill Alkohol agezunn, dat an der Stad an zu Nidderkäerjeng.
Géint 16 Auer gouf et op der Streck tëscht Boukels a Pënsch ee weideren Accident, an deem Alkohol am Spill war. De Chauffer hat d’Kontroll iwwert säi Won verluer, deen doropshi vun der Strooss ofkoum a sech iwwerschloen huet. Nodeems de Chauffer vum Noutdokter op der Plaz versuergt gouf, koum hien an d’Spidol.
Just 10 Minutten drop huet et dunn um CR132 zu Bruch nach emol gerabbelt. Och hei hat de Chauffer d’Kontroll verluer an ass mat sengem Auto an ee Bam gerannt. Mat liichte Blessure koum hie fir eng Kontroll an d’Klinik.