CGDISAuto iwwerschléit sech zu Käerjeng - Autosfuererin war alkoholiséiert

RTL Lëtzebuerg
Dräi Blesséierter mellt de CGDIS bei zwee Accidenter en Donneschdeg den Owend an an der Nuecht op e Freideg.
Auto op der Kopp: eng Handyfoto vum Accident bei schwierege Conditiounen.
Auto op der Kopp: eng Handyfoto vum Accident bei schwierege Conditiounen.
© RTL Mobile Reporter

Géint 23.15 Auer krute sech op der N7 tëscht Maarnech an Housen zwee Autoen ze paken. Ee Chauffer huet d’Kontroll iwwert säi Won verluer an ass op d’Géigebunn geroden, wou hie mat deem aneren Auto kollidéiert ass. Béid Chauffere goufe blesséiert a goufen op der Plaz vun Ambulanze vu Clierf an Housen versuergt, ier si an d’Spidol bruecht goufen. Beim Chauffer, deen den Accident verursaacht hat, gouf Alkohol festgestallt. Hie misst säi Fürerschäin ofginn.

Ëm kuerz viru 4 Auer ass zu Käerjeng an der Nuecht op e Freideg dann nach en Auto op d’Kopp gaangen. Wéi d’Police am Bulletin schreift, wier den Accident an der Rue des Ateliers gewiescht. D’Autosfuererin hat ze déif an d’Glas gekuckt an huet d’Kontroll iwwert hire Won verluer, deen sech iwwerschloen huet an op Daach leiebliwwen ass.

Ee Luuchtepotto an eng Poubelle sinn dobäi beschiedegt ginn, ma der Police no gouf d’Fra net blesséiert. De CGDIS schwätz a sengem Bulletin dogéint vun engem Blesséierten an d’Ambulanz vun Esch wier op der Plaz gewiescht. D’Fra huet hire Fürerschäin missen ofginn.

Back to Top
CIM LOGO