
En Auto hat hei e Moto ze pake kritt. D’Ambulanz vu Clierf an d’Pompjeeë vun Ëlwen waren hei am Asaz.
Knapps zéng Minutte méi spéit ass dann en Auto zu Munneref an eng Mauer gerannt. Eng Persoun gouf hei blesséiert. D’Ambulanz vu Réimech an d’Pompjeeë vu Munneref waren op der Plaz.
Een Accident mat zwee Blesséierte gouf et dann um 8.15 Auer e Freideg de Moien tëscht dem Gaasperecher Kräiz an dem Tunnel Houwald op der A1. Zwee Autoen hate sech hei ze pake kritt. D’Ambulanz vu Beetebuerg an d’Pompjeeë vun Hesper an aus der Stad waren op der Plaz.