RëmelengAuto kritt Moto ze paken, Motocyclist liicht blesséiert

RTL Lëtzebuerg
D'Police an de CGDIS hunn e Mëttwoch de Moien en Accident gemellt, bei deem et en Dënschdeg géint 18 Auer tëscht engem Auto an engem Moto geknuppt hat.
© RTL Archiv

Wéi d’Police preziséiert, hätt den Auto an der Escher Strooss zu Rëmeleng wollten d’Kéier maachen, wéi e mat engem Motorrad kollidéiert ass. Wéinst enger Blessur um Bee koum de Motorradsfuerer no enger éischter Behandlung fir eng Kontroll an d’Spidol.

Déi zwee Gefierer sollen der Police no staark bei der Kollisioun beschiedegt gi sinn. Wéi et aus dem CGDIS-Bulletin ervirgeet, waren d’Ambulanciere vun Diddeleng an d’Pompjeeë vu Rëmeleng um Asaz.

Zu Angelduerf huet et ëm kuerz no 11 Auer geknuppt, wou zwee Autoen net laanschtenee komm waren. Eng Persoun gouf beim Accident blesséiert an eng Nordstad-Ambulanz war op der Plaz.

Um CR320 tëscht Houschent a Merscheet ass e Mëttwoch de Moie géint 11.20 Auer dann och nach een Auto am Gruef gelant. Eng Persoun gouf blesséiert.

Zwee Permisen agezunn

Iwwerdeem hunn d’Beamte vun der Police an der Nuecht op e Mëttwoch zwee Fürerschäiner wéinst ze héijen Alkoholwäerter agezunn. Zu Diddeleng an zu Esch-Uelzecht war jeeweils ee Chauffer wéinst senger Fuerweis kontrolléiert ginn. Déi zwee haten ze vill gedronk a kruten e Fuerverbuet.

Back to Top
CIM LOGO