Useldeng-Béiwen-AtertAuto krut Bam ze paken an ass op der Säit gelant

RTL Lëtzebuerg
Um Mëttwoch de Moien huet ee Chauffer op der Streck tëscht Useldeng a Béiwen-Atert d'Kontroll iwwer säi Gefier verluer.
© Domingos Oliveira

Den Auto krut dunn e Bam ze paken an ass op der Säit gelant. D’Pompjeeën hunn de Chauffer missen aus dem Won erausschneiden. De Mann koum an d’Spidol. D’Strooss ass den Ament gespaart.

Back to Top
CIM LOGO