
Bei engem éischten Accident kuerz viru 15 Auer an der Rue des Trois Cantons um Wandhaff waren zwee Autoen anenee gerannt. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert a vun den Ambulancieren aus der Stad versuergt. Donieft waren och d’Pompjeeë vu Stengefort um Asaz.
Géint 16 Auer war et am Norde vum Land zu engem Accident komm, bei deem och d’Air Rescue huet misse geruff ginn. Um CR324 tëscht Pënsch a Boukels war eng Persoun blesséiert ginn, wéi sech op der Streck en Auto iwwerschloen hat. Nieft dem Helikopter mam Samu-Noutdokter waren d’Ambulanciere vu Clierf op der Plaz, grad ewéi d’Pompjeeën aus dem Kiischpelt a vun Housen.
Eng 10 Minutte méi spéit war dem 112 e weideren Auto gemellt ginn, deen op d’Kopp gaange war. Dat um CR132 tëscht Bruch bei Biwer an Eescheler. Och hei gouf et ee Blesséierten. D’Rettungsekippe vu Mäertert, Biwer a Manternach waren op der Plaz.